Mäin Element

Mäin Element

Mäin Element - Sean Takats

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch!

Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift?

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Christiane Hilger

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet.

A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Emmanuel Defay

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“?

De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier!

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Ines Chihi

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer!

D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Gilbert Fridgen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen.

De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Constanze Weth

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik?

Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Maria Rita Palattella

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen.

Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Emma Schymanski

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt.

Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Arianna Rossi

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem Max, ob si selwer d'Privacy Policy ëmmer iwwerall duerchliest, wéi et ëm Fraen an der Fuerschung steet a wou hir Léift fir d'Stad Bologna an de Museksgenre Roots Reggae hier kënnt.⁣

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu

Mäin Element - Ben Thuy

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer.⁣⁣
⁣⁣
Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu ⁣⁣⁣⁣
⁣⁣
Entdeck dem Ben Thuy seng Band Sleepers' Guilt:⁣⁣
https://www.sleepersguilt.com⁣⁣
⁣⁣
Méi iwwert 'Melusinaster alissawhitegluzae', benannt nom Sänger vun der Band Arch Enemy:⁣⁣
https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/science-meets-rocknroll-palaeontologist

About this podcast

E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

by FNR | Lëtzebuerger Journal

Subscribe

Follow us