Mäin Element

Mäin Element

Mäin Element - Sébastien Faye

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn.

Mäin Element - Leslie Ogorzaly

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt Liewen zitt.

Mäin Element - Claudine Backes

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann.⁣

Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei der Weltgesondheetsorganisatioun ausgesäit a wéi eng Zort Smalltalk ee mam Greta Thunberg soll féieren.⁣

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?⁣⁣⁣
https://www.fnr.lu ⁣⁣

Mäin Element - Raphaël Kies

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert?

Mäin Element - Guy Fagherazzi

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet.⁣⁣

Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen?⁣
https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣
https://www.fnr.lu ⁣⁣

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣
https://journal.lu/de

Audioquellen⁣⁣
100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208⁣⁣

Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw⁣⁣

„Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E

Mäin Element - Bianca Nalbandian

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Problem si mam Begrëff "ambitiéis" huet, firwat der Italienerin eng Karriär am Geheimdéngscht nogeluecht gouf a wéi et dozou koum, dass si e pelzege Matbewunner mam Numm „Julio“ huet.

Mäin Element - Hugo Parlier

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Zäiten ass.

Mäin Element - Anne-Catherine Guio

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert.

Mäin Element - Habiba Abubaker

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erzielt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben vun der Afrikanescher Unioun an erkläert, firwat d‘islamescht Gesetz net onbedéngt dat ass, wat mir vun der Tëlee kennen. Dernieft gi mer gewuer, wat Condoleezza Rice mat senger juristescher Karriär ze dinn huet a wéi ee Comedian fir hat de GOAT ass.

Mäin Element - Phillip Dale

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.

About this podcast

E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

by FNR | Lëtzebuerger Journal

Subscribe

Follow us