Mäin Element

Mäin Element

Mäin Element - Stéphane Bordas

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Professer Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%. Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun de meescht zitéierte Wëssenschaftler weltwäit. Eng Leeschtung déi him net an de Schouss gefall ass.

An dësem Episod bléckt de Stéphane mat eis hannert d'Kulisse vun der Wëssenschaft, an déi huet net ëmmer just positiv Säiten, och wann et vu bausse gären esou schéngt. Mir léiere wat Mathé mat der Natur ze dinn huet, de Stéphane erkläert eis firwat hie seng Auszeechnung als meescht zitéierte Fuerscher kritesch gesäit a schwätzen iwwert d'Thema „endlech ukommen“.

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/

Du interesséiers dech fir de Stéphane Bordas a seng Studien? https://wwwfr.uni.lu/recherche/fstm/doe/members/stephane_bordas

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

by FNR | Lëtzebuerger Journal

Subscribe

Follow us