Mäin Element

Mäin Element

Mäin Element - Emma Schymanski

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt.

Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

by FNR | Lëtzebuerger Journal

Subscribe

Follow us